Lëtz Clean Steinfort

D’Initiativ “Lëtz Clean Stengefort” ass eisen Engagement fir eng méi propper Ëmwelt. Eis Aktioune vun haut hunn d’Kraaft, fir eng méi gesond Gemeng a méi eng ëmweltfrëndlech Zukunft fir eis Kanner ze gestalten. Mir setzen eis fir de Problem vum Littering an, a schaffe gläichzäiteg eng Gemeinschaft, déi sech këmmert an zesumme mat denger Gemeng aktiv handelt fir eng propper Ëmwelt.

Firwat maache mir dat?

📍 Zu Lëtzebuerg ginn 1,6 kg wëllen Offall pro Kapp all Joer an der Natur hannerlooss.

🛣️ 100 bis 200 kg Offall pro Kilometer laanscht d’Nationalstroosse ginn all Joer opgesammelt. (Lies hei de Rapport)

💰 Stroosse botze kascht ronn 1,2 Milliounen Euro pro Joer.

🐠 Bis 2050 kéint méi Plastik wéi Fësch am Mier sinn – 80% dovu kënnt vum Land.

The Challenge

Maach mat beim “Lëtz Clean Stengefort” Challenge! Zesumme kënne mir de wëllen Offall (Littering) mat der CSFN (Clean Something for Nothing) App bekämpfen:

  • 🗑️ Sammel Offall wärend dengen Outdoor-Aktivitéiten.
  • ⚠️ Mëll Offall andeems du eng Foto an der Rubrik “Alertes” eropluets.
  • Looss eis zesumme Stengefort méi gréng a propper maachen. All kleng Aktioun zielt!
  • Zil: 100 Kg Offall an 12 Méint sammelen
  • Flott Präisser ze gewannen
  • Zäit & Plaz: Vum 29.03.2025 bis den 29.03.2026 – an der ganzer Gemeng Stengefort.

Wéi funktionéiert et fir d’Bierger:innen?

Clean-app Offall

Wann’s du an der Natur ënnerwee bass – spadséiere gees, mam Vëlo fiers oder aner Outdoor Aktivitéite mëss – dann hal d’Aen op no Offall. All Stéck Offall, dat’s du sammels, mécht en Ënnerscheed! Mat der CSFN App kanns du denger Gemeinschaft weisen, wéi ee positiven Impakt dass du hues an dozou bäidroe, Stengefort méi propper ze maachen.

Offall mellen

Hues du illegal Deponien oder vill Offall an der Ëffentlechkeet gesinn? Mell et iwwer d’CSFN App! Maach eng Foto, luet se an der Rubrik “Alertes” erop an d’Gemeng kann de Problem séier léisen.

Wéi geet dat? 3 einfach Schrëtt

Two people collecting trash and filling a bag
Offall ophiewen
Géi eraus a fëll deng Tute mat Offall!
1
Two people collecting trash and filling a bag
Person capturing before and after cleanup scenes
Foto maachen
Weis wéi d’Plaz virun a no der Botzaktioun ausgesäit.
2
Person capturing before and after cleanup scenes
Person registering a cleanup event on the CSFN app
Donnéeën aginn
Gëff u wéi vill Tuten dass du gesammelt hues, wou’s du waars, verlink deng Frënn a post et!
3
Person registering a cleanup event on the CSFN app

Wat kanns du nach maachen?

🛍️ Bewosst consomméieren: Manner Offall produzéieren heescht manner Littering.

🚯 Eng ‘Null Offall’-Politik unhuelen: All Stéck Offall richteg entsuergen zielt!

🧹 Gemeinschafts-Botzaktiounen: Zesumme botzen ass méi flott a méi effektiv.

👨‍👩‍👧‍👦 Léieren & weiderginn: Schwätz mat denger Famill an denge Frënn iwwer de Problem.

📲 CSFN App notzen: Offall gesinn? Mell et. Eppes gebotzt? Deel et!

Gëff Deel vun enger weltwäiter Beweegung!

Den einfachsten a motivéierendste Wee, fir eise Planéit ze botzen an d’Leit zesummenzebréngen.

Gëff Deel vun enger weltwäiter Beweegung!

Den einfachsten a motivéierendste Wee, fir eise Planéit ze botzen an d’Leit zesummenzebréngen.

Download our APP and start cleaning

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.

Google play button to download the CSFN app
App Store button to download the CSFN app

Download it later

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.